CrémandoCrémandoCrémandoCrémando
  • Startsäit
  • Aleedung
  • Leeschtungen
  • Anäscherung
  • Urnen
  • Gäschtebuch
  • Kontakt
  • Language: Lëtzebuergesch
    • Français Français
    • Lëtzebuergesch Lëtzebuergesch
  • E Kolleg fir d'Liewen, eng Erënnerung fir ëmmer

D’Hausdéier – en treie Kolleg, e Familljemember

Et begleet eis iwwert Joeren an erfëllt eist Liewe mat glécklechen an onvergiessleche Momenter.

D’Erënnerung ass dat eenzegt, wat eis nom schmäerzhafte Verloscht vun eisem geléiften Déier bleift.

Mir sinn do fir Iech ze hëllefen, d’Erënnerung vun Ärem geléiften Hausdéier an Ärem Häerz ze halen.

Mir begleeden Iech mat eise personaliséierte Rotschléi an eiser individualiséierter Assistance.

images-row-1

Eis Servicer

  • Ofhuele vum verstuerwenen Déier beim Déierendokter oder bei Iech doheem
  • Transport an de Krematorium
  • individuell Anäscherung
  • Zeréckerstattung vun den Äsche bei Ären Déierendokter oder bei Iech heem
  • e personaliséierten Zertifikat fir déi individuell Anäscherung
  • Méiglechkeet un der individueller Anäscherung deelzehuelen
  • kollektiv Anäscherung
  • dekorativ Urnen
  • Noutfallservice 24h/24 – 7 Deeg/7

individuell Anäscherung

Dëse Service adresséiert sech un déi Leit, déi d’Äschen a soumat d’Erënnerung un hiert Déier hale wëllen. Déi individuell Anäscherung erlaabt et dem Proprietaire sengem treie Frënd déi lescht Éier ze erweisen, andeems d’Erënnerung un en oprecht erhale gëtt.

kollektiv Anäscherung

Dëse Service ass fir déi Leit, déi d’Äsche vum Déier net hale wëllen, mä em trotzdem en Enn a Würd a Respekt bidde wëllen.

D’Anäscherung gëtt virgeholl vun: OSIRIS Tierkrematorium GmbH • Im Rotental 13 • D-56751 Polch • www.osiris-tierkrematorium.de

Urnen

Luet eisen Urnekatalog erof (Präisser op Ufro)
images-row-2

Gäschtebuch

  • Mir vun da Famile Jacquemin soen ierch villmols merci fier dei schein urn fier den Inuyasha an dass dir eis esou leif berooden hudd an mir sin frou dass et esou eppes fier deieren get an mir empfehlen ierch emmer gearen weider.

    Jacquemin Natascha
  • Villmools Merci fir dee super Service, déi wonnerschéin Urnen an de leschte Respekt, deen Dir eisen 3 Déieren déi mir dëst Joer verluer hunn, ginn hudd. Catherine Halsdorf

    Catherine Halsdorf
  • Ech soen Iech villmools merci fir déi Urne, déi ech haut kritt hun. Et ass eng ganz schéin Urne an den Numm Micko ass ganz schéin geschriwen. Merci!

    Svjetlana
Liest an eisem Gäschtebuch oder schreift eis e puer Wierder

Zéckt net eis fir weider Informatiounen ze kontaktéieren.

  • This field is for validation purposes and should be left unchanged.

logo

7, rue des jardins
L-8394 Olm

Tél.: +352 26 300 405
Fax: +352 26 300 406

GSM: +352 621 744 054
oder +352 621 744 056

info@cremando.lu

7, rue des jardins
L-8394 Olm

Tél.: +352 26 300 405
Fax: +352 26 300 406

GSM: +352 621 744 054
ou +352 621 744 056

info@cremando.lu

Created by Studio3.lu
  • Startsäit
  • Aleedung
  • Leeschtungen
  • Anäscherung
  • Urnen
  • Gäschtebuch
  • Kontakt
  • Language: Lëtzebuergesch
    • Français Français
    • Lëtzebuergesch Lëtzebuergesch
Crémando